ART IN BEAUFORT 2001

Scarecrows, all around

......esou lues weess all Beforter Schoulkand, wat eng "scarecrow" as. D'Wuert kléngt interessant, bedeit awer näischt anescht wéi Vulleschäich, Vullen- oder Kuebeschreck. Sëcher fënnt een op lëtzebuergësch nach aner flott Nimm fir dësen Objet, deen een dobaussen eigentlech guer net méi gesäit - an dat schons zënter e puer Generatiounen. Vulleschäichen kenne mir haut aus de Biller- bicher, de Sprëchwierder an de Blumme- buttiker - eng Vulleschäich léisst sech haut ouni weideres an d'Famill vun de Gaarden- zwergen anuerdnen.

De Mount Juli stoung fir d'Beforter Kanner ganz eendeiteg ënnert dem Zeeche vun der Vulleschäich: 160 Kanner hun op hirem Schoulfest iwwer 100 Vulleschäichen gebaut. Gehollef kruten si dobäi vu villen: Elteren, Léierinnen a Schoulmeeschteren, Vertrieder vun Elterevereenegung a Kulturkommissioun.

De Konzept zu dëser Vulleschäichenaktioun koum vum Sonia Menegatti, enger Kënschtlerin an Event-Managerin aus dem Saarland. D'Sonia Menegatti huet schons en ähnleche Projet mat 500 Kanner aus dem Saar-Loor-Lux-Gebitt duerchgefouert. Di Vulleschäichen, di dobäi entstane sin, gin zesumme mat hire Beforter Cousinen zu Berlin am Kannermusée gewisen an di ganz Aktioun wäert an engem Buch dokumentéiert gin.

Nach ier et awer derzou kënnt, gin d'Vulleschrecken emol fir d'éischt hei zu Befort gewisen. Bäi ART IN BEAUFORT kënnt Dir se vu Feides owes u bäim Schlass bewonneren. Sonndes mëttes, den 22. Juli verléieren si fir kuerz Zäit hire Gaarden- zwergestatus a kréien Riesemarionette- funktioun. An engem Cortège gi se vun de Schoulkanner duerch Befort gedroën, nët ouni di richteg akustësch Begledung.

E Grupp Kanner as während 6 Wochen trotz dem schéine Wieder a Percussiounscoure gaang fir bäim Cortège mat Trommelen fir Stëmmung an Opmierksamkeet ze suergen.

......scarecrows, all around ......., eng Aktioun vun iwwer 200 Kanner an Erwuessenen! Verpasst de Cortège net.

Scarecrows, all around.......

Sonndes, den 22. Juli 2001

14.00 Auer: Bäim Schlass
15.00 Auer: Am Duerf

Merci nodréiglech alle Leit, di d'Gezei fir d'Schäiche gesammelt hun, der Famill Lux fir d'Stréi, der Famill Dussier fir den Traktor mat Unhänger, der Famill Scholtes fir d'Daachlaten.